750.lu - livre d or

Livre d'or

Ajoutez un commentaire dans notre livre d'or

##ajax_verif_fe_wait##

* Entrez ici votre commentaire, affiché après validation

Raymond Bertemes (Hoesdorf / Lux)

20/06/2010

Fannen et einfach immens dass Dikrech elo mol einfach Grouss-staad Verhältnisser kritt All Respekt vier dei formidabel Organisatioun vum Joer 2010 vier dei 750 Joer Salutations R.J.Bertemes

Marc Dostert (Dikrich / Luxembourg)

09/06/2010

Et as sching ze gesinn, dat sich esu vill Lett fir eis Heemichtsstad interessieren! Als Musiker as ee vill ennerwee an jiddereen wees, dat mir gruss feieren! Op déi nächst 750 Jar ad multos annos! Ech fillen mech wuel hei zu Dikrich an sin och fru een ze sen! :)

Schmit (Hoscheid / Luxembourg)

07/05/2010

culcha candela 4ever

Frank Wagener (Brouch-Wecker / lux)

15/04/2010

nemmen dat bescht vir di nexten 750 jar!als aalen dikkricher dinken ech dat net nemmen soll no hannen gekukt ginn an desem joer vum anniversaire ma besonnech zukunft vun dikkrich resolut ugepaakt soll gin an dat am beschten am kontext vun der nordstaad...freen mech op de gebuertsdagskuch!

Jeanine Keltesch Klein (Diekirch / Luxembourg)

12/04/2010

Dikrich ass a bleiwt eemolig. Hei sinn ech net nëmme Lëtzebuergerin ginn, mais Dikricherin. Virun 45 Jar richtig geland! Eng Stad mat Geschicht, Traditioun an Häerz. Heureux anniversaire et bonne continuation der Sympathischer Eeselstad a séngen Awunner.

Schiltz (Denise / Dikkrich)

05/03/2010

wollt mech unschleissen an all guddes fir dei 750 joer wenschen an dat alles esou bleiwt wei ech et well 42 joer kennen an nach lang können en dikkricher drenken

Liltz René (Pettingen / Luxembourg)

22/01/2010

Happy Birthday, Diekirch. Ech hun dëser Stad an hire Leit vill ze verdanken an hun duerfir héichen Respekt virun hir. Ad multos annos.

René Kanivé (Dikrich / Lëtzebuerg)

22/01/2010

Ech ka mech nach gutt erënneren un 700 Jar Feier, an och un de Won mat de Réimer wéi et de Pierre Dillenburg ernimmt. Lo feiert Dikrich seng 750 Jar. Demols war ech ee klenge Bouf, hett well bal een alen Dapp. Zu Dikrich op d'Welt komm, an d'Schull gaang, ink mam Esel verbonnen, mam Dikricher Béier gruss ginn, su wi et sich fir ee richtigen Dikricher gehiërt. Ech wënschen eiser Stad alles Guddes fir seng 750 Jar a sinn natiirlich hufrig fir bei dem Gebuertsdag kënnen derbai ze sinn. Och wa mir een Deel vun der Nordstad gi sinn, Dikrich as Dikrich a bleiwt Dikrich. Do bleiwt och ee richtigen Esel stur.

Jacques HERR (Diekirch / Luxembourg)

17/01/2010

Als jëngsten an eenzegen Jong vun Herr's Jos, den hei zu Dikrech gebuer an täteg ass, sin ech stolz op dat klengt Sauerstiëdchen, a wënschen hir eng verdingte Spëtzeplaatz an der Zukunft an der Nordregioun. 750 Joer Dikrech bedeiten och 100 Joer Jos HERR (geb.14.07.1910), wann hien mat senger oniwertreffbarer Passioun als Lokalhistoriker an Archéolog nach bei eis kéint sin.

Trierweiler Robert (Clausen / Letzeburg)

15/01/2010

Leiw Diekrecher Leit, Leiwt Geburstagskand, Dir feiert lo äer 750 Joer an et soll een Fest gin daat een net vergesst,an wou een ganzt Land an doriwer eraus iwer äer 750 joerfeier schwätzt. Nun op Diekerech kommen schweier zeiten zou,well mam fortgang vun der Brauerei verleiert Stadt seng Seil an een steck Geschicht,an daat därf an soll net sin,ech wenschen ganz Diekirch an sengen Anwuhnner alles alles guddes een scheint Fest vir 750 Joer Stadt Diekirch,an dass Brauerei zu Diekerch bleift,et wär den scheinsten kadaux vir Fest. Alles guddes eng schein Feier an ech kommen emmer nach gäer an äer schein Stadt Äeren Trierweiler Robert CSV-Bezirksdelegeierten vum Zentrum Sektionsdelegeierten fir Clausen,Gronn,Phafendahl,Neidurf

A ne pas manquer