750.lu - Accueil - accueil

Accueil

750 Jar frei Stad : Réckbléck.

Et gung den 1. Januar mat engem Patt un.
Mir haten 3 Ausstellunge vun Dikricher Künstler, neewent deene normalen Austellunge vum Dikricher Photoclub an der Palette.
D’Musik an d’Gesankvereiner haten sich zesumme gedoen fir een eemolige Musical an der Pyramid vum Neie Kolléisch opzeféieren. Nach eng Kiër e gruusse Merci fir déi wonnerbar Zesummenaarbicht.
D’Sportsvereiner hun hir speziell Matcher a Concouren och ënnert de Sigle vun de 750 Jar gestallt.
Den Hipunkt war ëm de nationale Feierdag: d’Visite vum Grossherzog an der Grossherzogin war e Volliksfest mat all de Bierger vun Dikrich. D’Concerte vum OPL a Culcha Candela op der Kluuster hun déi gruuss Mass aus dem In- an Ausland ugezun.
D’Enn vum Jubiléiumsjar hu mer mat 8 Konferenze ofgeschloss. Et waren Dikricher oder fréier Dikricher, respektiv Auteuren, déi an der Tëschenzeit Dikrich op dës oder déi Art a Weis mi no ënnersicht hun, déi verschidden Aspekter vun der Stad Dikrich beliicht hun. D’Themae ware mol wëssenschaftlich – wat och munch historisch “Tatsaach” opt Kop geheit huet-, mol mi populär, mol mi philosophisch nodenklich.
Et war engt fantastisch Jar an dem e rëm gesin huet, dat di Dikricher d’Fester feiere kënne wi se falen!

 

   signature Dahm

          Jacques DAHM
          Bourgmestre de la Ville de Diekirch       

 

 

 

 

 

 

 

 

 


         

 

 

Envoyer Imprimer

A ne pas manquer